Panorama
Panorama
Et ginn nei Virwërf géint d'Brexit Wahlcampagne 2016 a Groussbritannien - d'Brexit-Säit soll sech net un en Accord gehalen hunn, d'Campagne nom Mord vun enger Deputéierter ze ënnerbriechen
No aacht Méint Prisong ass déi 17-Joer-al Palestinenserin Ahed Tamimi nees doheem - bal 300 palestinensesch Mannerjäreger sollen nach a israelesche Prisonge setzen
Een Dag virun de Wahlen am Simbabwe huet den Ex-President Robert Mugabe sech haut zu Wuert gemellt - hie wëllt net fir de Kandidat vu senger aler Partei stëmmen
Zeienopruff - D'Police sicht no engem groe Mercedes SUV mam Kennzeechen XM 6721
D'Bundesland Bayern huet d'lescht Woch e Landesamt fir Asyl a Réckféierungen opgemaach
Iwwer 1.400 Flüchtlinge sinn déi leschten zwee Deeg virun der spuenescher Küst gerett ginn
Am Mali gëtt haut ënner strenge Sécherheetsmoossnamen en neie President gewielt
Och am Kambodscha ass haut gewielt ginn - et gesäit alles dono aus, datt dem autoritäre Ministerpresident Hun Sen seng Partei un der Muecht bleift
Zu Rio de Janeiro hunn de Weekend knapp 80.000 Leit op engem Festival fir d'Fräiloosse vum Lula demonstréiert
Op d'mannst 14 Doudeger gouf et op der indonesescher Insel Lombok, wéinst engem Äerdbiewen vu 6,4 op der Richterskala
D'Bëschbränn a Kalifornien hunn dräi weidere Persounen d'Liewe kascht, de President huet den Noutstand ausgeruff
Lescht Etapp haut am Tour de France - un de Podiumsplaze wäert sech traditionell näischt méi änneren
Virwërf géint de Katar haut an der Sunday Times - de Katar soll gefuddelt hunn, fir d'Fussball-Weltmeeschterschaft 2022 bei sech ze kréien
De Lewis Hamilton wënnt déi lëscht Formal 1 Course vun der Saison haut an Ungarn