arrow_back_ios
CD-Klassik
Fantasievoll an inspiréiert
Et kann ee scho verwonneren, datt zwee grouss Museker mat enger Joerzéngte laanger, international bedeitender Carrière elo eréischt hiren éischte gemeinsamen Disk erausbréngen. De japaneschen Dirigent Seiji Ozawa an déi argentinesch Pianistin Martha Argerich hu sech zesummegedoen a Musek vum Ludwig van Beethoven opgeholl: déi éischt Symphonie an den éischte Pianosconcerto.