CD-Klassik
Entdeckungen
De Schwäizer Ensembel Pyramide ronderëm de Markus Brönnimann, Flüttist am Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg, interesséiert sech bal exklusiv fir deen aussergewéinlechen, manner bekannte Repertoire. Den Ensembel spillt vill zäitgenëssesch Musek, gëtt regelméisseg nei Stécker an Optrag, e geet awer och op d'Sich no vergiessener Literatur, no Kompositiounen, déi ouni plausibele Grond vun de Concertsaffichë verschwonne sinn. D'Musek vum Friedrich Dotzauer ass esou ee Fall. Den Ensembel Pyramide presentéiert elo en Disque mat dräi Wierker, déi bis dato nach ni opgeholl goufen.