Panorama


Déi nächst Indextranche erfält den 1. August, also muer, d'Paien an d'Pensiounen klammen deemno vu muer un ëm 2,5 Prozent

Encevo, d'Mammenhaus vun Enovos a Creos, kritt e chineseschen Aktionär, de Lëtzebuerger Wirtschaftsminister Etienne Schneider reagéiert am 100,7 Interview op dës Entwécklung

Ob an Zukunft vill méi flëssege Gas aus den USA an Europa importéiert gëtt, géif vum Präis a vun der Logistik ofhänken, sot eis de Marc Reiffers, Generaldirekter vun Enovos Lëtzebuerg

D'Logistik-Aktivitéit vun der Post huet am leschte Joer zougeholl, virun allem wat Päck aus dem asiatesche Raum ugeet, d'Post erwaart sech, datt den Ëmsaz am Logistik-Beräich vun dräi op zéng Milliounen Euro eropgeet

Fir ze verhënneren, datt am Stauséi an Zukunft sougenannte Bloalgen optauchen, soll d'Drénkwaasserschutzzon ronderëm de Séi aktualiséiert ginn

Kritik vum Vizepresident vun der Bauerenzentral um Landwirtschaftsminister, de Christian Wester sot, datt ee sech an dëser Legislatur méi Ënnerstëtzung vum Landwirtschaftsminister géigeniwwer dem Ëmweltministère erwaart hätt

D'Zuel vu Jonken, déi an enger psychiatrescher Behandlung sinn, ass tëschent 2013 an 2017 geklommen

De jonke Mann, deen e Sonndeg probéiert hat vun enger Säit vun der Musel op déi aner ze schwammen, wier haut dout fonnt ginn, dat mëllt d'Lëtzebuerger Wort

D'Police mécht en Zeienopruff wéinst engem Accident bei deem e Vëlosfuerer schwéier blesséiert gouf

Den Transportfliger, dee leschte Weekend iwwer der Pfalz an dem Hunsrück Kerosen ofgelooss huet, war eng Maschinn vun der Cargolux

De Sami A. bléift bis op Weideres an Tunesien

Nordkorea ass Medien no nach ëmmer am Gaange Rakéiten ze bauen


Episoden

Owespanorama

Lénk an LSAP weise sech zefridden, datt Israel-Bonds sollen auslafen / Frankräich: Monique Barbut bleift an der Regierung / Däitschland: Thorsten Frei gëtt neien Unions-Fraktiounsc
headphones

12 min

play_arrow

Mëttespanorama

Franséisch Ëmweltministesch offréiert Demissioun / LSAP begréisst Stopp vun Israel Bonds / Netanjahau wäert net zu New York festgeholl ginn
headphones

10 min

play_arrow

Moiespanorama

Israel Bonds: Ginn net méi verlängert, esou de Finanzminister / Frankräich: Ekologie-Ministerin wëllt zerécktrieden / Ukrain: Arméischef gouf entlooss
headphones

12 min

play_arrow

Owespanorama

Résultance mécht Audit iwwer Auslännerdepartement vun Immigratiounsdirektioun / Neit Bautereglement fir all d'Gemengen / Chamberkommissioun begréisst Aktiounsplang Kollektivverträg
headphones

14 min

play_arrow

Mëttespanorama

Neit nationaalt Bautereglement virgestallt / Versuergungsengpäss bei Pëtrolsproduiten / Neie brittesche Premier stellt éischt Mesurë vir
headphones

11 min

play_arrow

Moiespanorama

Roud Kräiz: Manner Dons‘en / Amnesty: Lëtzebuerg misst Vente vun Israel Bonds stoppen / Frankräich: Parlament hëllt ëmstriddent Agaragesetz un
headphones

13 min

play_arrow

Moiespanorama

Amnesty: Lëtzebuerg misst Vente vun Israel Bonds stoppen / Frankräich: Parlament hëlt ëmstriddent Agrargesetz un / Groussbritannien: Nei Regierung
headphones

13 min

play_arrow

Owespanorama

Rapport 2025 vun CNS: 987.000 Affiliatiounen an Defizit vun 102 Milliounen / EU-Kommissioun hält u Reglement ëm Methan-Emissioune fest / Andy Burnham neie brittesche Premier
headphones

13 min

play_arrow

Mëttespanorama

Chômage klëmmt op 6,4 Prozent / Attack op Affekot keen Eenzelfall / Rekordstrof géint AliExpress
headphones

12 min

play_arrow

Moiespanorama

Fussball: Spuenien ass Weltmeeschter / Hëtzt an Dréchent: Bis elo kee gréissere Schued a Lëtzebuerger Wéngerten / Frankräich: Vott fir verbuede Pestiziden nees zouzeloossen
headphones

11 min

play_arrow

Moiespanorama

Fussball: Spuenien ass Weltmeeschter / Hëtzt an Dréchent: Bis elo kee gréissere Schued a Lëtzebuerger Wéngerten / Frankräich: Vott fir verbuede Pestiziden nees zouzeloossen
headphones

10 min

play_arrow

Mëttespanorama

Manifestatioun an der Stad fir Reform vum Jugendschutz / Däitschland: Merz op der Sich no Successioun fir Jens Spahn / Ukrain: massiivste russesch Attacken zanter Ufank vum Krich
headphones

9 min

play_arrow

Moiespanorama

Manifestatioun an der Stad fir eng Reform vum Jugendschutz / Däitschland: Decisioun iwwer d'Successioun vum Jens Spahn soll séier falen / Iran setzt Kaderaccord mat den USA aus
headphones

7 min

play_arrow

Owespanorama

Jens Spahn demissionéiert / Manifestatioun fir méi Jugendschutz / Kaderaccord tëschent Iran an USA ass ausgesat
headphones

9 min

play_arrow

Mëttespanorama

Defense-Industrie kritt ee legale Kader / Iran drot USA mat "totaler Offensiv" / Venezuela: 5.000 Doudesaffer duerch Äerdbiewe virun 3 Wochen
headphones

9 min

play_arrow

Moiespanorama

Defense-Industrie soll e legale Kader kréien / Däitschland: Zukunft Unions-Fraktiounschef Jens Spahn weider ongewëss / D. Trump wëllt, datt Kanada wéinst Bëschbrand-Damp bezilt
headphones

9 min

play_arrow

Owespanorama

ETS-Reegele gi gelockert / Debat ëm Leihmutterschaft: Jens Spahn ënner Drock / LSAP kritiséiert CSV-DP-Regierung
headphones

12 min

play_arrow

Mëttespanorama

FGFC fuerdert Moderniséierung vun der Fonction publique / CGDIS brauch méi Fräiwëlleger / Donald Trump kritiséiert Walsystem
headphones

11 min

play_arrow

Moiespanorama

Hëtzwellen ware fir d'Rettungsdéngschter intensiv / Lëtzebuerg hält weider un der Ënnerstëtzung vun der UNRWA fest / Donald Trump reprochéiert China Manipulatioun vun den US-Walen
headphones

11 min

play_arrow

Moiespanorama

Regierung wëllt de Wunnengsbau ukuerbelen / Lëtzebuerg hält weider un der Ënnerstëtzung vun der UNRWA fest / Donald Trump reprochéiert China Manipulatioun vun den US-Walen
headphones

11 min

play_arrow