CD-Klassik
Deen anere Goldberg
Wann ee Goldberg seet, denkt ee stante pede un déi 30 Variatioune vum J.S. Bach an d'Geschicht vum Johann Gottlieb Goldberg, deen dës Variatioune sengem Déngschthär soll virgespillt hunn. Dës Geschicht ënnerschléit, datt dëse Goldberg eng grouss Perséinlechkeet war, ee bedeitende Museker an der éischter Halschent vum 18. Joerhonnert. D'Cembalistin Alina Ratkowska réckelt mat hirem neien Disk de Komponist Goldberg an de Fokus.