arrow_back_ios
CD-Klassik
Rhapsodie roumaine
Zanter 2004 gëtt et den Ensemble Raro - een Ensemble à géométrie variable ronderëm e Stack vu véier Grënnungsmemberen. D'Oppenheet vun der Besetzung reflektéiert och d'Oppenheet vum Repertoire: dee geet vu Vivaldi bis bei Peteris Vasks, vum Barock bis an d'Musek vum 21. Joerhonnert. Op senger neier CD geet de Bléck vum Ensemble op de George Enescu an de Bela Bartok an hir Beschäftegung mat der rumänescher Volleksmusek.