CD-Klassik
E Joerhonnert-Pianist
Den Emil Gilels war schonn als Teenager an der deemoleger Sowjetunioun e Star, wéi en an de 50er Joren och an Amerika an Europa säin Duerchbroch gefeiert huet. Nom Stalin sengem Doud gouf et kleng Liberaliséierungen, an de Gilels war deen éischte sowjetesche Kënschtler, deen huet dierfen op eng USA-Tournée goen. Während sengem Openthalt am Westen huet de Gilels profitéiert, fir Disken-Opnamen ze maachen, déi bis haut dem Pianist seng grouss Konscht dokumentéieren. Profil Hänssler huet elo eng Box mat 13 Disken erausbruecht.