Klassik aktuell
Zeréck op Start
Virun zwee Joer huet de Pianist Kit Armstrong zu Tréier an der Konstantinbasilika säin Debut als Organist ginn. Antëschent ass de 26järege Museker op béiden Instrumenter ee weltwäit gefroten Interpret. De gebiertegen Amerikaner fillt sech mat der Groussregioun enk verbonnen. Am Mäerz war hien Invité vun de Solistes Européens, Luxembourg, an e Samschdeg (11.8.2018) ass et säi Retour op Tréier bei de MoselMusikfestival fir e Concert zesumme mam Bass Thomas Bauer.