arrow_back_ios
CD-Klassik
E Romantiker aus Holland
"Esou schéi wéi déi Essener mäi Requiem sangen, hunn ech en emol net komponéiert." Dem Johannes Brahms säi Luef ass fir de Chouer vun Essen a säi Museksdirekter Georg Hendrik Witte. De Witte war vun Utrecht gebierteg. Seng musikalesch Studien hat hien an Däitschland verschloen, wou hie virun allem als Dirigent Carrière gemaach huet. Dem Komponist Witte seng Musek gëtt kaum nach gespillt. Dat hëlt de Mozart Piano Quartet elo op sengem neien Disque no.