arrow_back_ios
Klassik aktuell
Kreativitéit ass Tromp
Malmédy, Ciney, Attert - aus dësem Eck, net wäit vu Lëtzebuerg, kommen déi dräi jonk Musekerinnen, déi den Trio O3 forméieren: d'Lydie Thonnard (Flütt), d'Eugénie Defraigne (Cello) an d'Léna Kollmeier (Piano). Dës innovativ Formatioun huet dëst Joer de wichtege Concours Supernova gewonnen, deen, nieft der kënschtlerescher Unerkennung an der medialer Opmierksamkeet, och eng ganz Rëtsch Engagementer mat sech bréngt.