Panorama
Panorama
Vun e Méindeg u verduebelen d'USA hir Stroftaxen op Stol an Aluminium aus der Tierkei - dat wier en Ausbeutungsinstrument, sot haut den tierkesche President Erdogan
Monsanto gouf an den USA zu 289 Milliounen Dollar Schuedenersatz veruerteelt wéinst hirem Herbicid Roundup - de Proprietär vu Monsanto, Bayer, dementéiert déi Virwërf
De briteschen Ex-Ausseminister Boris Johnson huet op en neits an de britesche Medie fir Opreegung gesuergt - dës Kéier well hie Fraen, déi eng Burka droen, kritiséiert huet
Däitschland wëllt Spuenien hëllefen, d'Unzuel vu Migranten, déi vu Marokko iwwer d'Mëttelmier flüchten a Grenzen ze halen
Um internationale Fluchhafen zu Seattle huet hënt eiser Zäit e Mann en eidele Passagéierfliger geklaut an ass domat ofgestierzt
De Bilan vun den Doudegen an der Gaza-Sträif, no Ausernanersetzunge gëschter, ass haut op dräi Persoune geklommen
Zu Berlin demonstréieren haut e puer Dausend Leit fir d'Legaliséierung vum Cannabis
Zwee däitsch Responsabeler vun enger Vakanzekolonie sinn a Frankräich an Untersuchungshaft komm
Wéinst dem Monsunreen sinn am Süde vun Indien op d'mannst 37 Mënschen ëm d'Liewe komm
Muer sollt am Simbabwe den amtéierende President Emmerson Mnangagwa fir en nächst Amt vereedegt ginn, dee Rendez-vous ass awer elo verréckelt ginn
Dräi Lëtzebuerger Athleten waren op der Liichtathletik-Europameeschterschaft zu Berlin - mir zeien de Bilan mat der Teamleaderin, Marion Biehl
Éischte Spilldag haut an der englescher Premier League an an der franséischer Ligue 1