Panorama
Panorama
Et ass wéi erwaart dovun auszegoen, datt bei de Chamberwahlen de 14. Oktober aacht Parteien an alle véier Bezierker untrieden: CSV, LSAP, DP, déi gréng, ADR, déi Lénk, Piratepartei a KPL
De Parquet vu Genua fäert, datt nach 10 bis 20 vermësste Persounen ënnert den Iwwerreschter vun der Autobunnsbréck begruewe sinn
Zu Lëtzebuerg ginn et 1.271 Brécken déi all dräi Joer vun Inspektiounsepuippe vu Pont et Chaussée kontrolléiert ginn
D'Queen of Soul Aretha Franklin ass haut no laangem Kampf géint de Kriibs am Alter vu 76 Joer gestuerwen
D'Tierkei wäert nach méi staark aus der Währungskris erauskommen, esou de Message vum tierkesche Finanzminister un international Investisseuren
Engem Rapport vum Statisteschen Bundesamt no behale 6 vun 10 nei agebiergerte Persounen hir aner Nationalitéit
De fréieren indesche Premierminister Atal Vihari Vaj-payee ass dout
De Progrès Nidderkuer an den F91 Diddeleng versichen haut sech fir d'Playoffen an der Europa League ze qualifizéieren
De Match vun den Diddelenger géint Legia Warschau am Stade Josy Barthel gëtt iwwregens vun engem gréissere Sécherheets-Dispositif begleet