Panorama
Panorama
De Chômage-Taux zu Lëtzebuerg ass iwwer ee Joer gesinn ëm 5,8 Prozent erofgaangen, dat schreift d'ADEM haut
Bei zwou Ëmfroe gouf sech rezent net un d'Gesetz iwwer d'politesch Sondagë gehalen - d'Iwwerwaachungs-Autoritéit vum audiovisuelle Secteur ALIA huet sech awer géint Sanktiounen entscheet
Et ginn nach net genuch Fleegefamillen zu Lëtzebuerg - 60 Prozent vun de betraffene Kanner sinn an Heemer ënnerbruecht
Griichenland steet vun haut un nees op eegene finanzielle Been. Dee leschten Hëllefprogramm geet haut op en Enn. Aacht Joer laang war Griichenland op finanzielle Hëllef ugewisen
Australien hält d'Klimazil, bis 2030 d'CO2-Emissiounen ëm 26 Prozent ze reduzéieren, awer net gesetzlech fest
D'Taliban huet am Norde vum Afghanistan iwwer 100 Passagéier a Reesbusser gekidnapped - een Dag nodeems den afghanesche President Aschraf Ghani den Extremisten eng Wafferou ugebueden huet
D'Alissia Schortgen vu Schëffleng gëtt zanter en Donneschdeg vermësst
De Match Escher Fola géint Diddeleng vun haut gëtt verréckelt wéinst der Qualifikatioun vum F91 fir d'Barragë vun der Europa League - d'Fola ass dogéint
Leschte Match vum zweete Spilldag an der Premier League: Crystal Palace London géint Liverpool