Panorama
Panorama
Klimaschutz: EU Klimakommissär wëllt EU Länner méi en ambitiéist Klimazil vu 45 Prozent Zäregas-Reduktioun bis 2030 proposéieren
Riedelen: 40.000 Leit um europäeschen Territoire ugestach am éischten Hallefjoer, sou Weltgesondheetsorganisatioun
Esch 2022: 615 Kandidature fir véier nei ausgeschriwwe Posten, esou d'Tageblatt
ORT Miseler Land: Verschidde Gemenge wéilte regionalen Tourismusverband verloossen, sou d'Lëtzebuerger Wort
Kalabrien: Zéng Randonneure koumen an enger Schlucht ëm d'Liewen, nodeems ee Floss wéinst staarkem Reen iwwer d'Ufere gelaf war
Sizilien: Italienescht Schëff mat 177 Migranten u Bord gouf an den Hafe vu Catania eragelooss, d'Migranten dierfen awer net u Land goen
Venezuela: Wéinst der Wirtschaftskris lafen ëmmer méi Leit fort an d'Nopeschland Brasilien
Prag: Evenementer fir de 50. Gebuertsdag vun der sowjetescher Invasioun vun der Tschechoslowakei am August 1968
Brexit: Britesche Brexit Minister Dominic Raab soll haut zu Bréissel den EU Chefnegociateur Michel Barnier begéinen
Marokko: Obligatoresche Militärdéngscht nees ageféiert fir Jonker tëscht 19 a 25 Joer