Panorama
Panorama
An engem Joer huet d'Zuel vun Hybrid- an Elektroautoen, déi zu Lëtzebuerg ugemellt goufen, sech bal verdräifacht
De Konsumenteschutz fuerdert, datt d'Kafkraaft zu Lëtzebuerg zousätzlech gestäerkt gëtt
D'Police mellt, datt de Moie bei der Ausfaart Potaaschbierg op der A1 an zu Grass bei der belscher Grenz Leit aus Camione gesprongen a fortgelaf sinn
De franséische President Emmanuel Macron seet, hie géif dem Ëmweltminister Nicolas Hulot seng Decisioun, d'Regierung ze verloossen, respektéieren - Hie géif op dem Hulot säin Engagement ënner enger anerer Form zielen
Nodeems an der Nuecht vun e Samschdeg op e Sonndeg zu Spa an der Belsch e Polizist erschoss gouf, ass e 36 Joer alen Hollänner inculpéiert ginn
De griichesche Premier Alexis Tsipras huet seng Regierung nëmme begrenzt nei opgestallt
Alleguerten d'Parteien am Jemen-Konflikt hätte potenziell Krichsverbrieche begaangen - dat schreift den UNO-Mënscherechtsrot haut an engem Rapport
Zweeten Dag haut zu Den Haag vum Geriichtsträit tëschent dem Iran an de Vereenegte Staaten ëm déi nei Iran-Sanktiounen
Zu Teheran huet de President Hassan Ruhani sengem Parlament misse Ried an Äntwert stoen zu der wirtschaftlecher Situatioun am Land
Washington huet de Stopp vun de Militärübunge mat Südkorea op der koreanescher Hallefinsel opgehuewen
Déi véiert Etapp haut an der Vuelta ass fir den Amerikaner Ben King, de Lëtzebuerger Ben Gastauer gëtt Fënneften