CD-Klassik
D'Klarinett, e Schmuckinstrument
No villen Incursiounen am Jazz lauschteren déi meescht dëst Instrument am léifsten am Repertoire vun der Klassik, Romantik, Zäitgenëssesches, mee och am klassesche Piazzolla Tango.
D'Sayaka Schmuck huet mat hiren zwee Ensembelen hiren éischten Disk erausginn, an deene si e klengen, mee gelongenen Abléck gëtt, wéi d'Klarinett an de Bassethorn, och a Kombinatioun mam Alto a Piano, flott klénge kann.
Astor Piazzolla: Las Cuatro Estaciones
Benyamin Nuss: Deux Miniatures, opus 13
W.A. Mozart: 2 Arien für 2 Klarinetten und Bassetthorn
Antonin Dvorak: 2 Slawische Tänze für 2 Klarinetten und Bassetthorn
Robert Schumann: Märchenerzählungen, opus 132
Dem Manuel Ribeiro säin CD-Tipp, erauskomm bei Hänssler Classic.