Panorama
Panorama
Et wier relativ seelen datt hei am Land Mënschen ouni Pabeieren a Camione fonnt ginn heescht et aus dem Ausseministère op Nofro - gëschter hat d'Police zwee esou Fäll gemellt
Fuerderungen am DP-Wahlprogramm: Méi Investitiounen an - a méi eng séier Ëmsetzung vu Mobilitéits a Wunnengsprojeten
2017 wier global gesinn ee gutt Joer fir déi Lëtzebuerger Banke gewiescht - allerdéngs wier d'Finanzplaz enger Rei Risken ausgesat, op déi misst reagéiert ginn, dat schreift de Claude Marx, Generaldirekter vun der Bankenopsiicht CSSF, am Joresrapport
Fir de September hunn 11 Entreprisen eng Demande gemaach fir kuerz ze schaffen, dat sinn der zwou manner wéi de Mount virdrun
Net grad 500 Mol gouf de Centre antipoison an der Belsch vu Lëtzebuerg aus kontaktéiert - all zweete Fall betrëfft Kanner, virun allem kleng Kanner, déi Medikamenter oder soss Substanze schlécken
Op der CFL-Ligne 90, déi d'Stad Lëtzebuerg mat Nanzeg verbënnt, sinn 2017 an 2018 däitlech méi Zich ausgefall, wéi op deenen anere Linnen
An de leschte fënnef Joer huet den Transportministère ronn 16 Honnert Führerschäiner zréckgezunn
Italien proposéiert en Koordinéierungszentrum op Sizilien anzeriichten, deen decidéiere soll a wéi eng Länner Schëffer mat Mënschen déi aus dem Mëttelmier gerett goufen bruecht ginn
Den Affekot vum wäissen Haus Don McGahn hält am Hierscht op
Déi amerikanesch Handelskommissioun huet Stroftaxen op kanadesche Pobeier blockéiert, déi d'Trump-Administratioun agefouert hat
Zu Venedeg ass den Owend d'Ouverture vun der Mostra, engem vun de wichtegste Filmfestivalen
De Fransous Rudy Molard ass neie Leader am General vun der Vuelta
Den Diesel gëtt 1,4 Cent de Liter méi deier a kascht domat vu Mëtternuecht un 1,133 de Liter