Panorama
Panorama
Lëtzebuerg geet an Appell géint d'Entscheedung vun der EU-Kommissioun am ENGIE Dossier. Bis de Prozess ufänkt, géif de Grand-Duché déi vun der Kommissioun gefuerdert 120 Milliounen Euro u presuméierten illegale staatleche Bäihëllefe awer beim Energie-Konzern anzéien.
D'ADR setzt an hirem Wahlprogramm op ee "verantwortungsvolle Wuesstem". Bal all d'Problemer hei am Land wieren hirer Meenung no nämlech op een Zitat "onmoossege Wuesstem" aus de leschte Joeren zréck ze féieren.
D'Europäesch Kommissioun proposéiert, d'Auerëmstellung ofzeschafen. Wéini, a wat genee soll proposéiert ginn, ass nach net gewosst.
Et gëtt nach keen Duerchbroch tëscht Kanada an den USA um leschten Dag vun de NAFTA-Verhandlungen.
Méiglechen Tosch vu Gebidder tëscht dem Kosovo a Serbien huet beim informellen Treffe vun den EU-Ausseministeren zu Wien fir Diskussioune gesuergt. De Jean Asselborn huet viru negative Konsequenzen op déi ganz Regioun gewarnt.
Betis Sevilla, Olympiakos Piraeus an AC Mailand: Dat sinn d'Géigner op déi den F91 Diddeleng an der Europa League stousse wäert.