Panorama
Panorama
Den Donald Trump dreet op Twitter Kanada aus dem nordamerikanesche Fräihandelsofkommes auszeschléissen. D'Verhandlungen tëscht béide Säite si gëschter ouni Resultat ofgebrach ginn.
Zu Chemnitz sinn haut op ee neits Manifestatiounen. Dausende maache sech fir Fridden a géint Auslännerfeindlechkeet staark. Op der anerer Säit stinn Unhänger vu ProChemnitz, AfD a Pegida.
Op d'manst zéng Persoune si bei engem Groussbrand zu Ingolstadt a Bayern blesséiert ginn.
A Frankräich gëllt vun haut un een allgemenge Verbuet fir fënnef Insektiziden.
Déi zwou Persounen, déi gëschter an der Zentralgare zu Amsterdam bei enger Messerattack blesséiert goufen, sinn Amerikaner.
D'Palästinener kritiséieren d'Entscheedung vun den USA fir déi finanziell Hëllef fir den UN-Flüchtlingsprogramm fir Palästinenser ze stoppen.
Den Alejandro Valverde wënnt déi aacht Etapp vun der Vuelta am Sprint virum Peter Sagan an dem Danny Van Poppel