Panorama
Panorama
Een zweete Brexit-Referendum kënnt net a Fro. Dat widderhëllt déi britesch Premierministesch am "Sunday Telegraph". Den EU-Brexit-Chefnegotiateur a säi briteschen Homolog hunn iwwerdeems eng Verlängerung vun den Austrëtts Verhandlungen erwähnt.
Zéngdausende Leit sinn an zu Donetsk an der Ukraine op d'Strooss gaang fir engem pro-russesche Separatiste-Chef ze gedenken. Den Alexander Zak-hart-chenko war virgëschter duerch eng Bomm gestuerwen.
Déi franséisch-Lëtzbuergesch Artistin Deborah de Robertis muss sech a Frankräich viru Geriicht wéinst sexueller Exhibitioun veräntwerten. D'Artistin gouf gëschter festgeholl well si plakeg mat engem bloe Voile um Kapp am Sanctuaire vu Lourdes soutz.
Den US-Verdeedegungsministère wëll 300 Milliounen Dollar Hëllefsgelder fir Pakistan stoppen.
An der Belsch suergt ee Projet fir radio-aktiven Offall ze stockéieren fir eng Kontrovers.
An der Formel 1 wënnt de Brit Lewis Hamilton op Mercedes de grousse Präis vu Monza an Italien.