arrow_back_ios
CD-Klassik
Aus Géigner gi Frënn
Op sengem aktuellen Disk kombinéieren den Dirigent Dmitri Kitajenko an den Zagreb Philharmonic Orchestra zwee Komponisten, déi sech am Ufank net verdroen hunn, spéider awer zu Frënn gi sinn. Um Programm: Dem Alexander Glasunow säi Ballet "Véier Joreszäiten" an dem Pjotr Iljitsch Tschaikowsky seng Serenade fir Sträichorchester.