Panorama
Panorama
Déi ëmstridde Promotioun vum Martin Selmayr zum Generalsekretär vun der EU-Kommissioun géif GEINT d'Regele verstoussen. Där Meenung ass d'EU-Biergerbeoptraagten Emily O'Reilly. Si huet vu Verwaltungs-Mëssstänn geschwat.
Déi franséisch Sportsministesch Laura Flessel huet aus perséinleche Grënn hire Récktrëtt ugekënnegt.
Op d'manst eng Persoun wier a Japan wéinst dem Taifun "Jebi" ëm d'Liewe komm. Op d'manst fënnef Persoune wiere blesséiert ginn, melle japanesch Medien.
Wat fir eng Sozialpolitik fir Lëtzebuerg? Dorëms goung et de Moien an engem Face-à-face hei op der Antenn.
Bis ewell sinn zu Lëtzebuerg keng sougenannt "Feindes-Lëschten" opgetaucht, déi vu riets-extreme Beweegungen opgestallt gi wieren.
An aus fir de Roger Federer géint den John Millmann bei den Aachtelsfinale vun de US Open.