Panorama
Panorama
Visite vum Emmanuel Macron haut zu Lëtzebuerg - de franséische President wollt d'Kritik, hie géif Wahlkampfhëllef fir de Premier Xavier Bettel leeschten, net gëlle loossen
Lëtzebuerg ënnerstëtz Éisträich beim Recours géint d'Uerteel iwwert déi ëffentlech Subventionéierung vum briteschen Atomkraaftwierk Hinkley Point C
Weider Themen am Regierungsrot: nei Strategie fir d'lëtzebuergesch Kooperatioun, d'staatlech Ënnerstëtzung vun engem Foyer zu Esch an d'Nominatioun vun der Marie-Josée Jacobs als Member vum Ethik-Komitee
Et gëtt nach keng Entwarnung wéinst de Blo-Algen am Stauséi an an der Musel
Anescht wéi dat op Plakater an der Stad annoncéiert respektiv suggeréiert gëtt, wäert déi geplangten Nationalgalerie hir Diere soubal nach net opmaachen
D'Piratepartei fuerdert e selbstbestëmmt Liewen am Drëtten Alter: néideg wiere méi Altersheemer a méi Offer vu Strukture fir betreit Wunnen
De Film Gutland vum Govinda van Maele soll Lëtzebuerg an der Kategorie "Foreign Language Film Award" vun den Oscars representéieren
Frankräich, Däitschland, d'USA a Kanada vertraue komplett de britesche Schlussfolgerungen, datt Membere vum russesche Militärgeheimdéngscht fir d'Novichok-Attak op de Sergei Skripal responsabel sinn
An Indien soll homosexuelle Sex entkriminaliséiert ginn, huet dat iewescht Geriicht decidéiert
Haut sollten zu Genève Mediatiounsgespréicher tëschent der jemenitescher Regierung an den Houthi-Rebellen ufänken, d'Rebelle sinn awer nach net agetraff
D'Hallschend vun all den Teenager weltwäit am Alter tëscht 13 a 15 Joer goufe scho vun hire Matschüler aggresséiert oder gemobbt
De Spuenier Jesus Herrada iwwerhëlt de Maillot rouge vum Brit Simon Yates an der Vuelta
Haut sinn déi éischt Matcher vun der Gruppephas an der UEFA Nations League