CD-Klassik
Kaleidoscopic
Klarinett, Cello a Piano ass eng beléifte Konstellatioun an der Kammermusek vum 20. Joerhonnert. De Patrick Messina, den Henri Demarquette an de Fabrizio Chiovetta hu fir hir nei Produktioun, Wierker vu Komponisten erausgesicht, déi an den 30er Jore gebuer goufen: de Jaan Rääts, den Arvo Pärt an den Henryk Gorecki. Entstane sinn e Programm an Interpretatiounen, déi den Titel vum Disque - "Kaleidoscopic" - perfekt resuméiert.