Panorama
Panorama
Immateriellt Kulturierwe Lëtzebuerg: Staatssekretär Guy Arendt huet Aktiounsplang virgestallt
Internationale Strof-Geriichtshaff: USA warne viru Sanktioune wann d'Geriicht Poursuitte géint US Zaldoten decidéiert
USA/Nordkorea: Zweet Treffen tëscht Donald Trump a Kim Yong Un geplangt, sou d'Wäisst Haus
Klimawiessel: Bis 2020 misst méi reagéiert ginn, soss riskéiert de Klimawiessel onkontrolléierbar ze ginn, sou UNO Generalsekretär
Hurrican Florence: Eng Millioun Leit am US Staat Carolina sollen hir Haiser verloosse während de Stuerm Richtung US Ost-Küst zitt
El Nino: Wahrscheinlechkeet vun El Nino Wiederphenomen am Wanter (mat Iwwerschwemmungen an Dréchenten) op 70 Prozent geklommen, sou Welt-Meteo-Organisatioun
Kalifornien: 100 Prozent CO2-neutral Energie bis 2045, sou en neit Gesetz, dat de Gouverneur ratifizéiert huet
Russland: Grousst Militärmanöver mat 300.000 Zaldoten a Sibirien an am Oste vu Russland
Ryanair Däitschland: Neie Streik vu Piloten a Kabinnepersonal fir muer (Mëttwoch) geplangt
Fussball Nations League: Lëtzebuerg géint San Marino den Owend um 20h45 a San Marino