CD-Klassik
Net Bach mee Johann Zach
Op der Grenz tëschent zwou Epochen ze liewen huet sech scho fir esou muenche Komponist als Fatal erwisen. Während déi, déi fest an engem Stil verankert sinn och no hirem Doud als exemplaresch fir hir Zäit ugesi goufen, goufen anerer vergiess. De Johann Zach ass genee esou e Komponist, deen tëschent déi zwee Still Barock a Klassik gefall ass. D'Barocksolisten München ënner der Direktioun vun der Flüttistin Dorothea Seel loossen hie mat hirem aktuellen CD awer nees opliewen. An dat zu Recht, fënnt de Luc Boentges.