Klassik aktuell
Louise Farrenc, Komponistin vum Mount September
"L'œuvre de Madame Farrenc dénote du caractère, de la hardiesse et de la chaleur, et les masses instrumentales y sont mises en mouvement avec une entente remarquable des effets.", schreift e Kritiker iwwer der Louise Farrenc hir éischt Symphonie no der Première 1845 zu Bréissel. D'Louise Farrenc war zu Liefzäiten eng unerkannt Komponistin, Pianistin an och Enseignante. 1842 war si déi éischt Professorin um renomméierte Conservatoire de Paris. Als jonkt, héicht talentéiert Meedche war d'Louise Farrenc bei deene beschte Pianisten an d'Schoul gaangen: Muzio Clementi, Ignaz Moscheles, J.N. Hummel. Mat hirer Anthologie "Trésor des pianistes" huet si 1865 e Referenzwierk publizéiert. An deene leschte Joren erlieft d'Musek vun der Louise Farrenc eng kleng Renaissance - ënner anerem mat den CD-Opname vun de Solistes Européens, Luxembourg. De Manuel Ribeiro verréit am September ëmmer mëttwochs méi iwwer d'Louise Farrenc, hiert Liewen an hir Carrière.