CD-Klassik
Maträissend a brillant
De Ralph Vaughan Williams gehéiert zu deene bedeitendsten a villsäitegsten englesche Komponisten aus der éischter Halschent vum 20. Joerhonnert. Hien huet ënner anerem Musek geschriwwen fir d'Kréinung vun der Kinnigin Elisabeth II. Vu Symphonien iwwer Operen, Kammermusek, Wierker fir Blosorchester an och Filmmusek: De Williams huet quasi kee Genre ausgelooss. Den Toronto Symphony Orchestra huet elo een neien Disk mat Wierker vum Ralph Vaughan Williams erausbruecht.