CD-Klassik
Eng Interpretatioun mat vill Energie
Et gi Wierker laanscht déi een net kënnt, wann een e gewësst Instrument spillt. De Johann Sebastian Bach ass immens präsent an dëser Lëscht: Wat fir de Piano d'Wohltemperiertes Klavier ass, si fir d'Gei d'Sonaten a fir den Cello d'Suiten. Dräi vun dëse Suiten huet di norwegesch Cellistin Bjørg Lewis elo opgeholl. Besonnesch iwwerzeegt si mat der Energie hannert den Interpretatiounen.