Panorama
Panorama
De Regierungsrot huet de Pierre Barthelmé un d'Spëtzt vum Conseil de la Concurrence genannt.
Bis Mëtt 2021 soll den neien nationale Krisenzenter um Site vum Senninger Schlass operationell sinn.
Fir d'Chamberwahlen am Oktober maache vill méi Leit vun der Bréifwahl Gebrauch wéi nach 2013.
Lëtzebuerg huet sech eng nei Strategie fir Entwécklungshëllef ginn.
D'Brexit Verhandlunge stiechen an enger Sakgaass. Dat sot déi britesch Premierministesch Theresa May haut zu London.
Et hätt ee sech bei der Promotioun vum fréiere President vum Verfassungsschutz Hand Georg Maaβen geiert. Dat schreift d'SPD-Cheffin Andrea Nahles an engem Bréif. D'Bundeskanzlerin Angela Merkel seet, si wier bereet fir iwwer d'Promotioun ze diskutéieren.
Op d'mannst 126 Persoune wieren engem offizielle Bilan no um Victoriaséi an Tanzania gestuerwen