Klassik aktuell
E buedemstännege Kënschtler
De Joseph Moog ass duebele Laureat vun den International Classical Music Awards - 2012 als beschte jonke Kënschtler, 2014 als beschte Solo-Kënschtler. Dës an aner international Präisser hunn der Carrière vum däitsche Pianist deen néidege Schwong ginn. Trotz sengem Succès ass de Joseph Moog ee buedemstännege Kënschtler bliwwen. De Pianist lieft un der Musel an ass och musikalesch fest an der Regioun verwuerzelt: eng enk Zesummenaarbecht mat der Deutsche Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern a regelméisseg Optrëtter zu Lëtzebuerg.