Klassik aktuell
De Buerglënster Festival kuckt optimistesch an d'Zukunft
12 Concerten an eng Soirée littéraire, esou iwwerschreift sech de Programm an dëser Saison vum Buerglënster Museksfestival. Am Mëttelpunkt vun den Eventer sti Kammermusek a Gesank, déi sech fir de grousse Sall am Bierger Schlass eegenen. En zweete wichtege Punkt bleiwen déi héich qualitativ Concerte mat vill Lëtzebuerger Kënschtler. Obwuel de Buerglënster Festival scho besser finanziell Zäite kannt huet, kucken d'Organisateure mat Optimismus an d'Zukunft. De Muergen (26.09.2018) war d'Pressekonferenz vun de Frënn vum Bierger Schlass. De Manuel Ribeiro huet Echoen.