CD-Klassik
Eng Live-Opnam, déi et a sech huet
Dem George Gershwin ass kompositoresch eppes gelongen, wat bei ville plakativ kléngt. Hien huet déi verschidde Charakteristika vun Jazz a Klassik zu engem Ganze vermëscht. Weder ass ze vill, nach ze wéineg vun engem Stil vertrueden. Datt seng Wierker kompositoresch Sënn maachen, heescht awer net, datt d'Interpreten et dofir einfach hunn. Och déi mussen sech ëmmer nees d'Froe stellen: Wéi jazzy spillen ech déi méi klassesch Passagen? Wéi klassesch spillen ech d'Jazzdeeler? Nëmmen ze liicht géif een dem Gershwin seng Musek "verjazzen", schreift de Kirill Gershwin am Booklet.