arrow_back_ios
CD-Klassik
Dat Aalt Testament fir Pianisten
De "Clavier bien-tempéré" vum Johann Sebastian Bach besteet aus zwee Zykle mat 48 Preluden an 48 Fugen. D'Zil vun dësem Recueil war musikalescher, theoretescher an och pädagogescher Natur. Integralen op Disk vum "Clavier bien-tempéré" vum Bach ginn et der mëttlerweil vill, a ganz ënnerschiddlechen Interpretatiounen. De Schwäizer Pianist Cédric Pescia huet beim Label "la dolce vita" seng Siicht op dëse kolossalen Zyklus erausginn. De Manuel Ribeiro huet Diske gelauschtert.