CD-Klassik
Concerto Métis
Concertoe ginn et der fir all méiglech Instrumenter. Verschiddener dovun, sinn an dëser Gattung méi präsent wéi anerer. Fir Piano a Gei zum Beispill ginn et der eng Hellewull, déi fir Gittar representéieren do dergéint just e klenge Brochdeel vum gesamte Chiffer.
Den Enno Voorhorst huet elo en Disk beim Label Cobra-Records publizéiert mat Wierker vum Gittarist a Komponist Roland Dyens. Dorënner säi Concerrto Métis an eng Serenade fir Gittar a Sträichorchester.