arrow_back_ios
Klassik aktuell
Dem Walter Civitareale seng 3. Symphonie
De Komponist Walter Civitareale huet e gewaltegt Stéck fäerdeg. Seng 3. Symphonie ass de Resistenzler am Zweete Weltkrich dediéiert. D'Militärmusek a Chéier aus dem Stater Conservatoire féieren d'Wierk de 6. an 7. Oktober am Stater Conservatoire op. De Manuel Ribeiro hat sech mam Jean-Claude Braun, Dirigent vun der Militärmusek, an och mam Komponist Walter Civitareale ënnerhalen.