Klassik aktuell
Dikrech feiert dem Jos Kinzé säin 100. Gebuertsdag
Den éischten Oktober 1918 gouf de Jos Kinzé gebuer. Mat enger Mass an uschléissend engem Concert gëtt zu Dikrech an der Kierch un de Museker geduecht, deen als Organist a Komponist déi lëtzebuergesch Musekslandschaft gepräägt huet. Säin Nofolger als Organist an der Dikrecher Kierch Maurice Clement an d'Entente des Chorales de Diekirch ënner der Direktioun vum Andy Loor proposéiere bei der Mass e Samschdeg (6.10.2018) ënner anerem d'Kompositioun "Ave Spes Nostra".