Panorama
Panorama
De Sozialkonflikt bei Luxtram geet a Richtung Conciliatioun. Déi lescht Ronn vun de Kollektivvertragsverhandlungen huet zu kenge Resultater gefouert.
Anescht wéi geplangt nennt d'Regierung haut keng nei Membere fir an den 100,7-Verwaltungsrot.
Fir den Ausbau vum Fluchhafe gëtt an enger éischter Phas e Bureau- an Déngschtleeschtungs-Komplex un den Terminal A ugebaut.
Et géif eng legal Basis fir d'Videoiwwerwaachung an der Stad ginn. Zu där Konklusioun kënnt d'Police.
De Kandidat fir d'iewescht Geriicht an den USA, de Brett Kavanaugh, huet een éischte prozedurale Vott am US-Senat bestanen.
D'Tennisspillerinne Victoria Azarenka a Venus Williams kommen net op d'Luxembourg Open. Dat hunn d'Organisateure vum Tournoi op Twitter matgedeelt.