Panorama
Panorama
50.000 Leit hätten haut am Hambacher Forst fir den Erhalt vum Bësch demonstréiert, mellen d'Organisateuren. Gëschter hat e Geriicht jo bis op Weideres een Ofholz-Verbuet vum Bësch festgehalen.
Am Virfeld vun de Chamberwahlen hu sech aacht jonk Spëtzekandidaten gëschter de Froe vu Schüler gestallt.
De Plang vun der däitscher Regierung fir al Diesel-Autoen nozerëschten geet net op, mengt eise Korrespondent Matthias Kirsch.
Den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker gleeft weiderhin drun, datt spéitstens nächste Mount een Ofkommes iwwer d'Brexit-Modalitéite wäert stoen.
Interpol fuerdert Clarificatioune vu China iwwer de Verbleif vum President vun der Organisatioun.
An d'Operesängerin Montserrat Caballé ass mat 85 Joer gestuerwen.