CD-Klassik
E Schüler vum Bruckner
CD-Produktiounen hunn de grousse Virdeel, datt een dacks Komponiste kenneléiert, déi aus dem Concertsrepertoire verschwonne sinn. Vergiesse Meeschter si fir d'Branche eng Chance, Nischen um Marché ze besetzen, de Virwëlz vun de Melomanen ze stëppelen a sech net permanent mat bekannte Wierker ënnerenee Konkurrenz ze maachen. De polnesche Label DUX huet elo een Disk mat Wierker vum éisträichesche Romantiker Hugo Reinhold erausbruecht.