CD-Klassik
Bailar Cantando, eng historesch Museksrees
Wat den Jordi Savall vun aner Museker, déi sech fir déi historesch Opféierungspraxis interesséieren, ënnerscheed, ass datt hien d'Musek aus alen Zäiten aus aller Welt erfuerscht. Seng Schlussfolgerunge féieren hien zu musikalesche Projeten, gekoppelt mat musikologeschen Dokumentatiounen, déi hie bei sengem Label Alia Vox erausgëtt. "Bailar Cantando" ass nees ee vun deene sëlleche Beispiller. Hei léisst hien déi peruanesch Musek aus dem Enn vum 18. Joerhonnert mat de spueneschen Aflëss vun de Konquistadoren erklénge. De Savall ënnersträicht awer och den afrikaneschen Afloss duerch de Sklavenhandel.