CD-Klassik
Knight in Armour
1921 gebuer, 1942 de kompositoreschen Duerchbroch mat der Toundichtung "Knight in Armour", 1954 d'Enn vun der Solo-Carrière, 1959 Professesch um Trinity College of Music, 1999 gestuerwen. Dëst sinn d'Eckdate vun der englescher Komponistin Ruth Gipps. Obschonns si dat britescht Museksliewe gepräägt huet, hunn hir Wierker virun allem um CD-Marché keng grouss Resonanz fonnt. De BBC National Orchestra of Wales huet elo eng ganz Partie Wierker vun der Ruth Gipps fir déi alleréischte Kéier agespillt.