Klassik aktuell
De Beethoven an den technesche Genie Mälzel
De Johann Nepomuk Mälzel war e Genie an der Mechanik an der Technik. Derbäi war hien och nach en ausgebilte Museker an huet zum Beispill de Metronom erfonnt. Mee och säi Panharmonicon sollt senger Zäit fir Opmierksamkeet suergen. De Ludwig van Beethoven schreift fir dëst Instrument säin "Wellington's Sieg oder die Schlacht bei Vittoria". "Mälzel-Maschinen und das Metronom" ass de Motto vum Concert den Owend (15.10.2018) an der Philharmonie mat de Solistes Européens, Luxembourg.