arrow_back_ios
CD-Klassik
1717 - Erënnerunge vun enger Rees an Italien
Nodeems den Ensembel Scaramuccia säin éischten Disk 2016 bei Ayros erausbruecht huet, hu sech déi dräi Museker entscheet en eegene Label mam Numm Snakewood ze grënnen. Ënner deem hu si nieft Nouteneditiounen elo och hiren zweeten Disk publizéiert: "1717 - Memories of a Journey to Italy". Doranner begleede si de Komponist Johann Georg Pisendel op senger Rees duerch Italien.