Klassik aktuell
Trouscht an der Trauer
"Das ist ein Werk, das für die Lebenden bestimmt ist.", seet de Brahms-Biograph Malte Korff iwwer "Ein deutsches Requiem". Ausser dem Titel huet d'Kompositioun guer näischt mat den übleche Vertoununge vun der liturgescher Doudemass ze dinn. Den Dirigent Hellmuth Rilling kennt d'Partitur bannen- a baussewenneg an huet elo een interessante Guide duerch dem Brahms säin "Deutsches Requiem" publizéiert.