Klassik aktuell
E vergiessenen Tréierer
11 min
Wann een no enger bekannter Tréierer Perséinlechkeet freet, fällt selbstverständlech den Numm Karl Marx. De Komponist Georg Schmitt, deen dräi Joer nom Marx zu Tréier op d'Welt koum, ass par contre an de Vergiess geroden. De Schmitt war scho mat 14 Joer Doumorganist zu Tréier an ass spéider op Paräis gaangen als Titulaire vun der Cavaillé-Coll.Uergel an der Eglise Saint-Sulpice. Nieft Sakralmusek huet de Georg Schmitt och Vokalmusek geschriwwen - Lieder a Chansons, vun deenen den Trio Cénacle der eng Partie op Disque opgeholl huet.