CD-Klassik
Voll Energie a brillante Faarwen
11 min
Ähnlech wéi de Gustav Mahler spillt den Igor Strawisnky eng wichteg Roll an der Programmatioun vum OPL a sengem Chefdirigent Gustavo Gimeno. An der Saison 2016/2017 huet den Orchester de Sacre du Printemps eleng neng Mol gespillt. Fir den Optakt vun der aktueller Saison stoung "Jeu de Cartes" um Programm. Béid Wierker - zesumme mat "Chant funèbre", dem Concerto a Ré an "Agon" - fënnt een elo op engem brillanten Album, de bei Pentatone erauskoum.