arrow_back_ios
CD-Klassik
Et ass nach net alles gesot
No de Symphonien Nr 5 a 7 fueren de Manfred Honeck an de Pittsburgh Symphony Orchestra weider mat hirem Beethoven-Projet. Den Honeck, dee virun engem Mount fir weider 4 Joer als Chefdirigent zu Pittsburgh ënnerschriwwen huet, huet elo déi 3. Symphonie - d'Eroica - opgeholl. Et ass eng Opnam, déi confirméiert, datt beim Beethoven nach laang net alles gesot ass.