Panorama
Panorama
Iran: Nei US Wirtschaftssanktiounen haut a Kraaft, viséiert sinn ënner anerem d'Banken, de Schëff-Transport an d'Pëtrol-Exporter
Jemen: "Häll op der Äerd fir Kanner", sou d'UNICEF, déi all d'Säiten am Krich oprifft, d'Waffen nidderzeleeën
Neikaledonien: 56,8 Prozent vun de Leit hunn eng komplett Onofhängegkeet vu Frankräich ofgeleent
Hans Georg Maaßen: Fréiere Chef vum däitsche Verfassungsschutz soll net an den Inneministère versat, mee eventuell entlooss ginn, wéinst enger Ried am Oktober, sou däitsch Medien
Italien: Op d'mannst zéng weider Leit sinn a Sizilien wéinst Iwwerschwemmungen ëm d'Liewe komm, de Bilan vum staarke Reen läit elo bei ronn 30 Doudegen
Bayern: Nei Regierung steet, d'Freie Wähler, Koalitiounspartner vun der CSU, kréien dräi Ministèren, dorënner de Super-Ministère Wirtschaft/Ëmwelt/Landesentwécklung
Éischte Weltkrich: Emmanuel Macron zu Morhange (Departement de la Moselle) fir Zeremonie als Hommage un 100 Joer zanter dem Enn vum Éischte Weltkrich
Fussball: Jeunesse bleift Leader nom zéngte Spilldag vum Championnat