CD-Klassik
E Schwäizer Komponist zu Paräis
Wann een no engem bekannte Schwäizer Komponist am 20. Joerhonnert sicht, da kënnt engem direkt de Numm vum Frank Martin an d'Kopp. Den Numm Pierre Wissmer wäert allerdéngs deene mannsten e Begrëff sinn. De Komponist vu Genf hat seng Aktivitéite virun allem a Frankräich, ugefaange mat de Studien zu Paräis an der bekannter Schola Cantorum. De Schwäizer Label Claves huet elo en Disk mat Musek vum Pierre Wissmer erausginn. Den CD-Tipp vum Manuel Ribeiro.